
Och zu Lëtzebuerg kéint geschwënn de Fall sinn, datt ee mam Handy um Steier geblëtzt gëtt, wann de System sech als fiabel erweist. Lëtzebuerg denkt doriwwer no.
“Mir suivéieren déi lescht Innovatioune ganz genee a wann e System gutt ass, kéint een och drun denken, en hei am Land anzesetzen.” Dat äntwert de Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro, wou et ëm déi sougenannt “Handy-Blëtzer” geet.
Déi Lëtzebuerger Gesetzgebung géif fir den Ament awer sou e System nach net zouloossen, schreift de Mobilitéitsminister.
Eng Kamera filmt an den Auto eran, ob de Chauffeur mam Smartphone am Grapp ënnerwee ass. Zu Tréier ass sou e Radar zanter Juni am Asaz.
RTL News: Pilotprojet “Monocam” - Neie Radar zu Tréier blëtzt Chauffere mam Handy um Steier