Sou heescht et vun enger Transportfirma zu Mäertert. Wann d’Spritpräisser sou massiv klammen, dat stellt dat d’Entreprisen am Secteur viru grouss Erausfuerderungen.
Fir e mëttelstännege Betrib, ewéi d’Firma Lorang, fir déi eng 220 Gefierer europawäit ënnerwee sinn, hunn déi héich Präisser op der Pompel e groussen Impakt op de Budget.
De Generaldirekter vu Lorang S.A. Michael Rau erkläert, datt seng Firma duerchschnëttlech e Verbrauch vu 400.000 Liter Diesel de Mount hätt. D’Präisser wiere rezent ëm 50 Cent de Liter oder souguer méi geklommen an dat géife fir säi Betrib 200.000 Euro Méikäschten de Mount bedeiten.
Déi zousätzlech Käschte kéint een nëmmen zum Deel un d’Clienten ofginn. Dofir géif een op séier staatlech Ënnerstëtzung hoffen. Mëttlerweil wier een nämlech op engem Punkt ukomm gewiescht, wou een analyséiert hätt, ob d’Camionneuren net méi gënschteg am Ausland kéinten tanken.
De Michael Rau gëtt ze bedenken, datt verschidden Transportfirme wéinst héije Spritpräisser an doduerch Käschteproblemer kéinten um Marché ewechfalen, wat och en negativen Impakt op d’Liwwerunge vu Konsumgidder hätt.
Dernieft géif sech duerch den Ukrain-Krich e scho bekannte Problem an der Branche verstäerken, nämlech dee vum Manktem u Camionneuren. Vill Chaufferen, déi am Westen aktiv wieren, kéimen nämlech aus Osteuropa an eng Rei dovun géife elo fir d’Krichsland kämpfen. Rezent wier vun enge 15.000 ukrainesche Camions-Chauffere riets gaangen, déi scho géife feelen.