De Bierger soll séier gehollef ginn, d'Fro ass just, wéi séier?
Hätten déi eng Parteie an de Secteur gären direkt Léisungsvirschléi gehat, wëllen anerer emol d'Tripartite ofwaarden an net iwwer schnell reagéieren.
D'Situatioun wier dramatesch, doriwwer war ee sech an der Chamber eens, wéi et ëm d'Hausse vun den Energiepräisser goung. Doriwwer wéini allerdéngs konkret Mesurë kommen, do sinn d'Meenungen dann awer wäit ausernee gaangen an et ass zum Deel méi haart ginn an der Plenière.
D'Instrument vun der Tripartite ass genee dat wat mer elo brauchen, dat huet d'Vizepremierministesch Paulette Lenert an der Chamber betount, wou et ëm d'Hausse vun den Energiepräisser goung. D'Kris an där mer sinn, betrëfft d'Betriber an d'Bierger. Et ass eng Kris, wou all Acteur Interessi drun huet, fir zesumme séier an effikass Léisungen ze fannen. De Lëtzebuerger Erfollegsmodell a Form vum Sozialdialog ass matten an enger Kris gebuer ginn. An zesumme mat de Sozialpartner huet d'Politik et nach ëmmer fäerdeg bruecht, am Land de Wuelstand ofzesécheren an de soziale Fridden ze garantéieren. Dat ass och dës Kéier eist d'Zil. Dofir wieren och keng Mesuren annoncéiert ginn, huet d'Paulette Lenert ënnerstrach.
Oppositioun enttäuscht, datt keng weider Annoncë koumen
D'Majoritéit stoung hannert der Annonce vun der Vizepremierministesch Paulette Lenert. D'Oppositioun huet sech allerdéngs Annoncen erwaart gehat, wéi den CSV-Deputéierte Michel Wolter seet. Madame Lenert. Ech wëll iech net ze no trieden, mä Dir hutt iwwerhaapt näischt gesot. Et konnt keen Oppositiounspolitiker dorop reagéieren, well net eng eenzeg konkret Propositioun vun der Regierung oder Majoritéit komm.
Vu sengem Parteikolleeg Gilles Roth koumen dann och eng Partie Fuerderungen. Eng zäitlech begrenzte Präisbrems um Sprit um Heizungsmasutt an och um Gas. Auto fueren an doheem setzen ass an deem räichen Lëtzebuerg kee Luxus, mä eng Noutwendegkeet. Zweetens: All Euro méi fir de Staat un Taxen an TVA duerch Energiepräisshaussen zanter dem 1. Januar 2022 muss fir eis direkt an integral un d'Leit zréckbezuelt ginn. Et kann net sinn, datt de Staat sech dorops selwer beräichert.
De gréngen Deputéierte François Benoy huet betount, datt elo net iwwer schnell reagéiert dierft ginn. Mä mir musse Suen do investéieren, wou se gebraucht ginn, sozial gerecht Mesuren. Mesuren, déi konform zu eiser Klimaschutzpolitik sinn an eis Onofhängegkeet an Zukunft weider stäerkt.
D'Regierung hätt d'Urgence net erkannt, huet den ADR-Deputéierte Fred Keup gemengt. A gréng géif a senge Aen nu mol deier ginn. Dat huet fir méi hëtzeg Diskussioune mat der grénger Deputéiert Stephanie Empain gefouert.
Och d'Piraten an déi Lénk hunn ënnerstrach, datt de Leit elo ganz séier misst gehollef an net ze laang gewaart dierft ginn.
Fuerderungen aus dem Secteur: Bierger en Entreprisë musse gehollef kréien
Den ACL dogéint fuerdert an engem Schreiwes kuerz no der Chamberdebatt, datt d'Regierung ouni ze Zäit ze verléieren eppes misst maachen, fir datt d'Stéit am Land hire Pouvoir d'achat kënnen halen an dat déi Lëtzebuerger Entreprise kompetitiv bleiwen.
Wéinst der Präisexplosioun fir Energie hofft een och am Commerce op séier Mesuren. Virop déi Betriber, déi Camionen respektiv Busser op d'Strooss schécken a vill Sprit brauchen. No der Covid-Pandemie, elo d'Repercussioune vum Krich an Europa. De Secteur mat motoriséierte Gefierer struewelt.
De Sprit mécht iwwer een Drëttel vun de Gesamtkäschte vun enger Transportentreprise aus, erkläert de Conseiller vum Gruppement Transport Antoine Ries. Mat der aktueller Hausse dréckt dat op d'Gewënnmarge vun dëse Firmen. Do sinn der vill dobäi, déi elo eeschthaft Suergen ëm hir Rentabilitéit hunn a kucken, wéi se weiderfueren.
Genee dee selwechte Constat mécht ee bei der Federatioun vun de Busentreprisen. Déi kéinten net op deene Käschte sëtze bleiwen, seet hire Generalsekretär Hendrik Kühne. Am Tourismus a bei Excursioune riskéiert déi Hausse op de Client weiderginn ze ginn. Dat muss iwwerdroe ginn.
Méi däreg gëtt et bei de Kontrakter am Kader vum ëffentlechen Transport um kommunalen an nationalen Niveau, fir de Schoultransport zum Beispill. Do sinn d‘Präisser fixéiert. Do ass e groussen Drock op eis. Do kréie mir d‘Käschten net erëm. Bei Wäitem net. Déi sprangen elo duerch de Plaffong.
D'Firmen, déi Gidder transportéieren, hunn och dacks fix Kontrakter. Si hoffen, dass hir Clienten bereet sinn, nei ze negociéieren, Antoine Ries. Och dat ass net esou evident, well e Präis, deen d'lescht Woch noverhandelt gi war, deen ass dës Woch schonn net méi dem Terrain entspriechend. Mir si permanent an enger Spiral, wou nogebessert muss ginn.
Eng Spiral an der um Enn och den eenzele Consommateur méi déif an Täsch gräife muss. D'Inflatioun gëtt weider ugeheizt. Selwer hätt de Secteur net vill Afloss, mä den Antoine Ries mécht der Regierung Proposen. Mir gesinn awer Potenzial zum Beispill fir déi CO2-Tax, déi agefouert ginn ass, op d'mannst emol fir eng Zäit op Äis ze leeën. Bis sech dat Ganzt nees op engem normalen Niveau agependelt huet. Eng aner Méiglechkeet wär zum Beispill, fir en industriellen Diesel anzeféieren, ewéi an der Belsch. Als Betrib kritt een do een Deel vun den Accisen zeréck.
Déi nächst Woch huet de Gruppement Transport Rendez-vous beim Energieminister Turmes.