Vun de 6 Variante sinn der just nach 4 iwwreg, all iwwerierdesch. En Tunnel wär technesch net ze realiséieren. Am Hierscht soll et eng ëffentlech Consultatioun vun engem Mount ginn. Déi definitiv Decisioun hëlt de Regierungsrot.
Hesper soll nees eng Liewensqualitéit zeréck kréien, sot en Donneschdeg de Minister Bausch. All Dag fueren 22.400 Autoen duerch Hesper an d‘Gemeng wiisst weider.
Am Zentrum vun Hesper soll och e Shared Space entstoen. Ugangs 2024 kéinten d’Aarbechten ufänken. An dëser Legislaturperiod soll d‘Finanzéierung gestëmmt ginn, hofft de François Bausch.