SammelkloHonnertdausende Proprietäre vun Dieselautoe kloe géint VW

RTL Lëtzebuerg
Am sougenannten Ofgasskandal hu sech iwwer 400.000 Persounen an de Regëster vum Bundesamt fir Justiz agedroen.

Den däitsche Verband vum Konsumenteschutz huet stellvertriedend Plainte géint den Autosproduzent gemaach. Zil ass, dass Diesel-Chauffeuren méi einfach u Schuedenersatz kommen. Wéini de Prozess ufänkt, ass nach net gewosst.

Déi héich Zuel un Demande géif weisen, dass déi nei Form vu Sammelkloen ee wichtegt Instrument wier, sou ee Spriecher vum Verband. De Regëster ass weiderhin accessibel. Bis den Optakt vum Prozess kéinte sech nach Diesel-Chauffeuren androen.

Back to Top
CIM LOGO