EU-Verdacht confirméiertIllegal Ofsproochen tëscht BMW, Daimler a VW

RTL Lëtzebuerg
Déi 3 grouss däitsch Autosproduzenten hu sech a puncto Technologie fir d'Rengege vu Ofgas ofgeschwat.
© AFP

Duerch dës illegal Zesummenaarbecht huet een de Konsumenten d’Chance geholl, fir ëmweltfrëndlech Autoen ze kafen, esou de Constat vun der EU. Déi dräi Entreprise kënnen elo nach zu de Virwërf Aussoen, si riskéieren awer Strofen a Milliounenhéicht.

Wéi eng Ënnersichung vun der EU, déi 2017 ugefaange gouf, erausfonnt huet, hätten sech déi 3 Entreprisen beim Aféiere vum SCR-Katalysator fir den Diesel a beim Partikelfilter fir renge Stëbs beim Bensin ofgeschwat.

Dëst verstéisst géint d’Kartellrecht an Europa, och wann et sech an dësem Fall net ëm eng Ofsprooch am Beräich vum Präis handelt.

Back to Top
CIM LOGO