Neie RekordIwwer 50.000 Leit hunn dëst Joer beim Vëlosummer matgemaach

Maxime Gillen
Beim Vëlosummer hunn dëst Joer méi wéi 50.000 Leit matgemaach. Dat si 15 Prozent méi wéi nach zejoert an domat en neie Rekord, zanter datt d'Initiativ viru 7 Joer lancéiert gouf.

Dëst Joer gouf et 14 Circuiten an et hunn 52 Gemenge matgemaach. Den Tour tëscht Mamer a Miersch hat dee gréisste Succès. Hei si bannent nëmmen engem Dag ronn 7.000 Cycliste gezielt ginn. Dës Zuelen hunn de Mobilitéits- an de Wirtschaftsministère en Donneschdeg matgedeelt.

Fannt hei de Pressecommuniqué vum Mobilitéitsministère

Back to Top
CIM LOGO