
Bei dëser Zomm vu ronn 174.000 Euro net mat agerechent ass d’Pai vun den CFL-Leit, déi dëse Schued, deen duerch Vandalissem entstanen ass, gefléckt hunn. Eleng zejoert goufen et 180 Akte vu Vandalissem an Zich, déi 33.000 Euro kascht hunn.
Och an de Garen a ronderëm dës Gebailechkeete gëtt ouni all Iwwerleeës zerstéiert a futti geschloen. Dës Käschte fir beschiedegt Infrastrukture chiffréieren d’CFL iwwert déi lescht 5 Joer op bal 425.000 Euro.