Vëlosweeër zu EschKeen einfache Passage, ma Gemeng ass dialogbereet

Christophe Hochard
A Saachen "Mobilité douce" huet d'Escher Gemeng awer scho esou Munches a Musek ëmgesat.
Vëlosweeër zu Esch
Mam Vëlo duerch den Zentrum vun Esch ze kommen ass net einfach. D’Gemengeresponsabel wäre sech dees bewosst an och dialogbereet.

Nieft Livraisounsplazen a villen Autoen, déi versichen hire Wee zu Esch an der Kanalstrooss ze fannen, probéieren och d’Leit op hire Vëloen, duerch dës vill befuere Strooss ze kommen. Op Plaze geet dat ouni gréisser Probleem. Et ginn awer och Momenter, do gëtt d’Kanalstrooss eng Gefor fir de Cyclist.

D’Léisung vum Probleem kéint d’Dicks-Strooss sinn. Well dës awer aktuell wéinst Aarbechten zou ass, féiert kee Wee laanscht d’Kanalstrooss. Spéider kéinten awer hei Vëloen ouni Gefor duerchfueren.

A Saachen “Mobilité douce” huet d’Escher Gemeng awer scho esou Munches a Musek ëmgesat. Nei Vëlosweeër goufen agezeechent, Aler nei bepinselt. Esch bräicht allerdéngs nach en zesummenhänkend Vëlosnetz.

Zanter Kuerzem ass d’Uelzechtstrooss fir de Vëlo tabu. Zumindest fir 12 Stonnen. Tëscht Moies 8 an Owes 8 Auer. Och eng Niewestrooss vun der Uelzechtstrooss - d’Avenue de la Gare - ass fir den Drotiesel zou.

Mam Vëlo duerch den Zentrum vun Esch ze kommen ass net einfach. D’Gemengeresponsabel wäre sech dees bewosst an och dialogbereet.

Back to Top
CIM LOGO