
D’Chambre des Métiers gesäit déi geplangte Liberaliséierung vum Taxisgesetz deels kritesch. Grad elo zu engem Ament an där de Secteur an der Coronakris drastesch u Clientë verluer hätt an d’Perspektiven och fir dëst Joer schlecht bleiwen, sollt elo de fräie Marché spille gelooss ginn.
Et gëtt zwar allgemeng begréisst, datt dat aktuellt Gesetz iwwerschafft gëtt. An et missten och konkret Dysfunktionnementer aus der Welt geschaaft ginn, wéi ze héich Präisser oder och nach ze laang Waardezäiten, mä d’Chambre des Métiers stéiert sech awer virun allem drun, datt d’Reform déi ablécklech Limitatioun vun den Taxislizenzen ophiewe soll an d’Land och net méi a geographesch Zonen agedeelt wier. Dës zwou Mesurë wieren net geholl ginn, fir d’Konkurrenz ze limitéieren, mä wieren éischter als Kontrollmechanismen geduecht.
Donieft fuerdert d’Chambre des Métiers och, datt d’Reegele fir déi sougenannte Locatiounsautoe mat Chauffer, also Uber a Co, méi kloer definéiert ginn. Dës Aktivitéit soll jo eng éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg mat an dat neit Taxisgesetz erageholl ginn. Donieft gëtt sech am Avis och dru gestéiert, datt d’Alterslimitt fir Taxischauffer op 70 Joer limitéiert soll ginn, dat wier ze strikt. An et sollten och keng Ëmweltnormen den Autoe virgeschriwwe ginn.
D’Chambre des Métiers mengt, et wier besser, konkret Mesuren ze huelen, fir d’Qualitéit vum Service ze garantéieren an d’Wichtegkeet vum Taxisecteur ze stäerken, wéi dem fräie Marché fräie Laf ze ginn an eng onsécher Zukunft fir d’Taxiswiesen hei am Land.