Enn des JoersEtihad Airways annoncéiert Direkt-Flich vum Findel op Abu Dhabi

Roy Grotz
Dräi Mol d'Woch vum Findel op Abu Dhabi fléien, dat ass an Zukunft mat enger Airline aus dem Noen Oste méiglech.
© Lux-Airport

Lëtzebuerg kritt am Hierscht eng nei direkt Fluchverbindung an den Noen Osten. Fir den Ufank vun der Allerhellege-Vakanz plangt Etihad Airways dräi Direkt-Vollen d’Woch tëscht dem Findel an Abu Dhabi an de Vereenegten Arabeschen Emiraten, wou och de Siège vun der Airline ass. D’Volle gi mat engem Airbus A321 geflunn, deen dräi Klassen huet, also och eng First a Business.

Viséiert sinn esouwuel Geschäftsleit wéi och Vacancieren, déi op Abu Dhabi wëlle fléien. Via dës Stad flitt Etihad och weider op zum Beispill op Singapur, a Südkorea, Japan, Indien an an Thailand.

Nieft Etihad och Luxair an den Noen Osten

Déi nei Etihad-Linn vum Findel aus geet dräi Mol d’Woch op Abu Dhabi, méindes, donneschdes a samschdes. Dëst bedeit deemno nei Konkurrenz fir Luxair, déi schonn zanter Joren Direkt-Verbindungen an de Noen Osten ubitt, zum Beispill an Ägypten an zanter 2021 och op Dubai.

D’Staatsairline Etihad Airways zielt iwwer 22.000 Salariéë mat enger Flott vu ronn 120 Fligeren. D’Airline flitt am Codesharing mat ronn 40 anere Fluchgesellschaften, dorënner Lufthansa, TAP, KLM an Air France.


Links:

D'Schreiwes vun Etihad Airways zu der neier Verbindung Findel-Abu Dhabi.

Back to Top
CIM LOGO