
Eng Liberaliséierung vum Taxisecteur hätt een och schonn an engem Avis zu der leschter Taxisreform 2016 gewënscht, sou de Jean-Claude Weidert vum Conseil de la Concurrence. Deemools war et awer an eng aner Richtung gaangen. Dowéinst begréisst een elo den neie Projet de Loi, deen och wuel wäert Auswierkungen op d’Taxispräisser hunn, wéi spekuléiert gëtt.
Liberaliséierung féiert zu méi Konkurrenz am Secteur, an dat begréisst e Conseil de la Concurrence natierlech. Dräi Punkten aus dem Projet de loi huet de Conseil analyséiert, dorënner d’Ophiewe vun der Limitatioun vun den Taxislizenzen an och d’Ophiewe vun der Andeelung vum Land a 6 Zonen, an deenen de Chauffeur nëmmen däerf säin Déngscht ubidden, wann en déi entspriechend Lizenz huet. Wisou eng Ännerung vun dëse Punkten néideg war, ënnersträicht de Jean-Claude Weidert vum Conseil de la concurrence.
“Wann Dir elo en Taxi hutt, deen huet eng Lizenz an engem Gebitt, wou et villäicht elo net esouvill ze fuere gëtt, dann däerft Dir keng Passagéier ophuelen an enger anerer Regioun, well Är Lizenz an där Regioun net gülteg ass. Doduercher ass et amfong geholl méi schwéier fir eng Taxisgesellschaft, fir hir Lizenzen, déi se am Land hunn, ze rentabiliséieren.“
Rentabel wier en Taxi nämlech nëmmen, wann e géing rullen. Am neien Taxisgesetz ass awer och rieds vum Reglementéiere vu Locatiounsautoe mat Chauffeuren, wéi zum Beispill e Limousinendéngscht, wou een e Chauffeur urifft, datt hien een iergendwou hiféiert.
“Ech denken, datt dat heiten de Versuch ass, fir ze reglementéieren, dass iwwert dee Wee keng Abuse kënne stattfannen. Datt elo Gesellschafte soen, mir maache keen Taxi, an déi Chauffeuren, déi fir eis fueren, déi sinn onofhängeg. Dat ass eben de Geschäftsmodell vun Uber. Dee soll net zu enger Aushielege vum Droit social am droit de travail féieren.”
Ma de Conseil de la Concurrence huet awer och Virschléi. Wéi de Secteur sech kéint méi effikass organiséieren:
“Kleng Taxisgesellschaften, déi sollte versichen, hir Rentabilitéit ze verbesseren, andeems datt se sech vun engem gemeinsame Centre d’appel zesummeschléissen.”
Angscht virun enger Verschlechterung vun der Situatioun, wéi d’Taxichauffere fäerten, kann de Jean-Claude Weidert net novollzéien. Eng méi grouss Offer géing zwar d’Präisser fir d’Clienten drécken, ma wat en Taxi méi géing fueren, wat en och géing méi rentabel ginn.
„Mir brauchen zu Lëtzebuerg en Taxiswiesen, wat ganz anescht opgestallt ass a méi modern ass“, seet de gréngen Transportminister François Bausch. Dofir wier sou séier wéi méiglech eng Taxisreform néideg. Den Avis vum Conseil de la Concurrence géing bestätegen, dat ee mam Projet de loi an déi richteg Richtung géing goen.
Ugangs 2022 soll déi nei Taxisreform a Kraaft trieden. Knackpunkte sinn d’Ophiewe vun der Limitatioun vun den Taxislizenzen, d’Ophiewe vum Andeele vum Land an Zonen, an deenen e Chauffeur just däerf mat der entspriechender Lizenz schaffen, an d’Reglementéierung vu sougenannte Locatiounsautoe mat Chauffeur, wéi zum Beispill Limousinendéngschter. De François Bausch ass zefridde mam Avis vum Conseil de la Concurrence:
„Wat mer besonnesch gutt gefält, dat ass déi Berechnungen, déi gemaach gi sinn. Si beleeën, datt et manner drop ukënnt, permanent e maximale Präis ze froen, fir rentabel ze sinn, mä éischter, datt ee vill Kilometer fiert. Dat heescht, datt een en Taxiswiesen huet, dat net steet, mä dat fiert.“
Ma e weidere Punkt begréisst de Minister: Stéchwuert Organisatioun.
„An dat zweet ass, datt déi vill eenzel Taxie sech zesummendinn an op enger Plattform schaffen, op enger Reservatiounsplattform.“
Dat géing dozou féieren, datt d’Taxie méi fueren. Sou géing den Asaz vun digitalen Techniken zu enger méi flexibeler a besserer Präisgestaltung bäidroen. Den Ament wier dëst net de Fall:
„ Ech fannen, datt mer einfach fantasielos sinn an der Präisgestaltung an an der Offer, déi mer zu Lëtzebuerg hunn.“
En drëtte Punkt am Avis war zu der Reglementatioun fir de Beräich vu Locatiounsautoe mat Chauffeur. Wisou dëst muss sinn, erkläert de Minister esou:
„Virun allem geet et mer dorëms, dofir ze suergen, datt mer net Derapagë kréien, dat heescht, dat d’Leit net ugemellt sinn. Et muss scho kloer sinn, de voiture de location avec chauffeur, dee muss ënnert uerdentleche Steierlechen-, Sozialen-, an Aarbechtskonditioune kënne fueren.”
Eng Iwwergangsphas fir d‘Applikatioun vum neie Gesetz ass dem Minister no awer denkbar, well d’Pandemie de Secteur besonnesch staark getraff huet. Dës géing dann awer maximal bis zum Summer 2022 daueren. Ëmmerhi wier d’Taxisreform 2016 scho just e Kompromëss gewiescht, an déi Upassungen, déi elo kommen, wieren néideg.