Kulant JustizMat 417 Kilometer iwwert d'Autobunn: Keng Konsequenzen

RTL Lëtzebuerg
En tschechesche Millionär, dee mat 417 Kilometer an Däitschland iwwert d'A2 gerannt ass, muss keng juristesch Konsequenze fäerten.
© dpa/dpa/picture-alliance/Archiv/Sebastian Kahnert

Datt een an Däitschland bei der Vitess op den Autobunnen net sou streng ass, ass bekannt. Trotzdeem dierft et deen een oder aneren iwwerraschen, datt een tschechesche Millionär, deen e Video online gesat hat, an deem hie mat 417 Kilometer iwwert d’A2 rennt an dobäi deelweis seng Hänn vum Steier hëlt, keng juristesch Konsequenzen ze fäerte braucht.

nullDem Mann war virgeworf ginn, eng illegal Course, e sougenannten “Alleinrennen”, gefuer ze sinn. De Parquet huet dëse Virworf awer net zeréckbehalen. Och mat Bléck op d’Siicht- a Wiederkonditioune gesäit de Parquet keng Problemer. Op dem betraffenen Deel vun der A2 tëscht Hannover a Berlin gëtt et keen Tempolimitt.

Back to Top
CIM LOGO