Europäesch Federatioun vun de StroossenafferMéi Sécherheet am Verkéier mat 30km/h

RTL Lëtzebuerg
Eleng 2020 hu 26 Persounen hiert Liewen op eisen Stroossen verluer, dorënner och Vëlosfuerer an Foussgänger.
Méi Sécherheet am Verkéier mat 30km/h
Eleng 2020 hu 26 Persounen hiert Liewen op eisen Stroossen verluer, dorënner och Vëlosfuerer an Foussgänger.

D’Zuel vun de Schwéierblesséierten ass nach vill méi héich. Fir méi Sécherheet op der Strooss fuerdert d’Europäesch Federatioun vun de Stroossenaffer eng Vitesslimitatioun vun 30 km/h. Eng Fuerderung, déi besonnesch bei Leit, déi gäre séier fueren, op Kritik stéisst. Ma et hätt awer seng Virdeeler

Scho mat 50 Kilometer an der Stonn fueren, ass verschiddenen Autosfuerer ze lues. Ma viru kuerzem gouf den Debatt vun enger Vitesslimitatioun vun 30 an Uertschaften rëm opgegraff. Et géif awer net drëms goen, Tempo 50 komplett ofzeschafen. Jeannot Mersch, President FEVR:

“30 soll d’Reegel sinn an 50 d’Ausnam. Dat heescht op Haaptstroossen an op Duerchgangsstroossen soll da 50 bleiwen an awer am urbane Raum soll wierklech generell eng 30-Zon sinn.”

Op verschiddene Stroossen wier Tempo 30 also sënnvoll, sou zum Beispill bei Schoulen. Méi lues virukommen, géif een doduerch net onbedéngt.

François Bausch:

“Wann ech duerch eng Uertschaft fueren mat enger konstanter Vitess, da vun 30 duerch verschidde Stroossen, da verléieren ech keng Zäit. Ech mengen au Contraire, datt Stop and Go, dat Gebrems, mat zwee Féiss op d’ Brems sprangen, dat mécht eis méi nervös am Auto, wéi wann ech mat enger konstanter gemittlecher Vitesse an der Uertschaft fueren an deementspriechend och dozou bäidroen, dass d’Sécherheet fir jidderee garantéiert ass.”

Méi Sécherheet, dat ass d’Zil vun der diskutéierter Vitesslimitatioun. Et wéilt een domadder d’Vision Zero 2030 erreechen.

Jeannot Mersch, President FEVR:

“Dat heescht, dass bis 2030 keng Doudeger a Schwéierverletzter an eisen Dierfer an an eise Stied solle sinn. An do ass 30-Limitt e wichtegen Schrëtt, fir kënnen déi Visioun ze erreechen.”

Gefierer, déi mat Tempo 30 ënnerwee sinn, hunn e méi kuerze Reaktiouns- a Bremswee. Doduerch hätten Involvéierter bei Accidenter vill besser Iwwerliewenschancen.

Tempo 30 wier awer net déi eenzeg Méiglechkeet, fir d’Zuel vun Verkéiersaffer ze reduzéieren.

Vania HENRY, ACL:

“Mir mengen, dass duerch Formatioun an Informatioun kënne mir eng besser Cohabitatioun a méi Respekt tëscht verschiddene Leit am Verkéier fërderen an en bessert Versteesdemech. Wann ee sech an deen aneren eraversetzt, versteet een och besser, wat seng Motiver sinn, dat ka sinn als Foussgänger oder als Cyclist.”

Back to Top
CIM LOGO