
Kee Wonner, d’Präisser sinn explodéiert a si sou héich wéi se nach ni waren. Dat ass eng Konsequenz vum russeschen Iwwerfall op d’Ukrain, e Krich, wou keen Enn en vue ass.
Mee wat heescht dat? Muss een domadder rechnen, datt d’Präisser weider explodéieren? Firwat sinn d’Marchéen sou nervös a wat kéint se berouegen? Dat si Froen op déi d’Dany Rasqué probéiert huet eng Äntwert ze kréien.
De Weltmaart ass schonn zënter der Covid-Kris extrem ënner Drock, seet de Jean-Marc Zahlen. Hien ass de Generalsekretär vum Groupement Petrolier. Den Iwwerfall vu Russland op d’Ukrain verschäerft d’Situatioun a wéi se sech entwéckelt ass och fir d’Experten den Ament schwéier anzeschätzen. De Jean-Marc Zahlen: “Deen Drock ass do, mir wëssen net wou et higeet an duerch d’Onsécherheeten, déi d’Kris an der Ukrain mat sech bréngt, kann een sech haut nach net prononcéieren, wou dat doten ophält.”
Aussoen, déi net fir Optimismus suergen. De Präis ka weider klammen. Ob an ëm wéi vill hänkt a groussem Mooss vun Decisiounen of, déi déi europäesch Staats- a Regierungscheffen huelen. Si sinn haut a muer zu Versailles zesummen. Den Energieminister Claude Turmes: “Et gëtt jo Stëmmen déi soen, mir misste sämtlech Gas- a Pëtrolskontrakter mat Russland kënnegen, wann dat géif geschéien, da géifen d’Präisser, mengen ech, nach extrem staark eropgoen an dofir ass warscheinlech och d’Positioun vun deene meeschten europäesche Regierungen vu Russland fortzekommen, awer eréischt fir deen nächste Wanter. Et mécht kee Sënn, dass mer elo Mesuren decidéieren, wou mer einfach extrem ënner Drock komme mat de Präisser.”
Dee gréissten positiven Impakt op d’Präisser géif et, wann déi global Produktioun géif an d’Luucht goen. Dat wier eng Decisioun déi notamment d’OPEC, d’Organisatioun vun de Länner déi Pëtrol exportéieren, kéint huelen, wéi de Jean-Marc Zahlen seet: “D’OPEC-Länner sinn do um Driver. Natierlech kann Amerika awer och eppes do maachen. Dat heescht wa mer d’Produktioun um globalen Niveau méi héich gesat kréien, dann huet dat e groussen Effekt.”
Deen ass awer net a jidderengem sengem Sënn. Op d’Organisatioun vun de Länner déi Pëtrol exportéieren, kann een den Ament net all ze vill hoffen: “D’OPEC-Länner, déi schëdden den Ament Ueleg op d’Feier. Si waren d’lescht Woch zesummen. Zu deene Länner gehéieren Saudi-Arabien, d’Arabesch Emirater och Russland a si hunn decidéiert, datt se keng Drëps méi op de Weltmarché bréngen an déi profitéieren natierlech elo onverschimmt vun där Situatioun an där mer sinn.”
De Präis, deen de Konsument fir e Liter Sprit bezilt, besteet net just aus dem Pëtrolspräis. Do kommen nach Accisen, d’TVA an d’CO2 Steier drop. Op d’Fro ob den Energieminister sech kéint virstellen déi erof ze setzen gouf et kee klore JO. De Claude Turmes huet mol fir d’éischt un de Pak vu 75 Milliounen Euro erënnert, dee schonn decidéiert gouf: “Mir sinn am Gaang mam Statec ze kucken, déi Kombinatioun vun der Indextranche, déi schonn am Abrëll erfält an déi Moossnamen, déi bei der Allocation de vie chère geholl ginn, mir kucken elo mam Statec, wéi eng Auswierkungen dat op déi eenzel Deeler vun der Lëtzebuerger Gesellschaft huet an da musse mer kucken, wou mer do dru sinn a gegebenfalls weider diskutéieren.”
Op der Pompel: Vun en Donneschdeg un: 98er bei bal 2 Euro, Diesel schonn driwwer (9.3.22)D’Taxen erof ze setzen, hätt och nëmmen e limitéierten Impakt, seet de Generalsekretär vum Groupement Petrolier an erkläert, datt den europäesche Kader e Minimum vun Taxen op de Pëtrolsproduiten virschreift. Fir de Jean-Marc Zahlen muss ee fir dës global Kris, am beschte Fall och eng global Äntwert fannen.