Vum 8. bis den 12. DezemberN13 tëscht Dippech a Betteng op der Mess gespaart

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun den Aarbechten um Contournement Dippech-gare muss d'Strooss gespaart ginn.
© RTL-Grafik

Vum 8. Dezember 8 Auer bis den 12. Dezember 17 Auer ass d’N13 tëscht Dippech a Betteng op der Mess a béid Direktioune fir de Verkéier gespaart.

Am Schreiwes vu Ponts et Chaussées vum 3. Dezember war vermierkt, dass d’Strooss an deem Zäitraum just tëscht 9 a 16 Auer gespaart wier, fir den Impakt op de Verkéier esou kleng wéi méiglech ze halen. Um Méindeg de Moien huet Ponts et Chaussées déi Informatioun awer rektifiéiert a matgedeelt, dass d’Strooss vum 8. Dezember bis den 12. Dezember inclus 24 op 24 Stonne gespaart ass.

Eng Deviatioun ass gezeechent.

Back to Top
CIM LOGO