Info-HandicapNei Adapto-App, fir den Notzer d'Liewe méi einfach ze maachen

Fanny Kinsch
Vun e Mëttwoch u ginn et Ännerunge beim sougenannten Adapto-Service fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit.
Nei Adapto-App
Vun e Mëttwoch u ginn et Ännerunge beim sougenannten Adapto-Service fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit.

Nei Adapto-App / Reportage Fanny Kinsch

Info-Handicap begréisst déi nei Applikatioun fir de sougenannten Adapto-Service, ma bedauert, datt et keng Testphas gouf. D’App kann elo schonn op de Smartphone oder Tablett erofgeluede ginn an ass vun e Mëttwoch un operationell.
Wéi gutt se fonctionéiere wäert, wier nach e grousst Fragezeechen, seet de Yannick Breuer, Coordinateur fir Barrière-Fräiheet bei Info-Handicap. Teste konnt ee se net, sou datt ee géing dovun ausgoen, datt se am Ufank nach deen een oder anere Bug wäert hunn. Et géing ee sech awer Verbesserunge par Rapport zu der leschter App erwaarden - déi hätt eng Rei Schwaachstelle gehat, virun allem fir blann Leit, déi d’Informatiounen iwwert eng Funktioun um Smartphone vum Bildschierm virliese loossen.

“An natierlech konnte se och net de Chauffer uruffen, wat och e Problem war, wann een zum Beispill e bësse Verspéidung hat, da konnt een net dem Chauffer Bescheed soen an dann ass ee mat 10-15 Minutte Verspéidung erauskomm an den Adapto war scho fort.”

Eng wichteg Verbesserung wier och, datt een den Adapto vun e Mëttwoch un den Dag selwer reservéiere kann. An enger éischter Phas muss een dat nach iwwer Telefon maachen, an e puer Woche soll dat awer och op der App klappen. Dat wier och am Sënn vun der Uno-Konventioun vun de Rechter vu Mënsche mat enger Behënnerung, datt jidderee kann d’selwecht um alldeegleche Liewen Deel huelen.

Zanter der Reform vum Adapto gouf et ëmmer nees Kritik, datt Leit keen Accès méi op de Service hätten, obwuel si et géinge brauchen. Et géingen ëmmer nach Leit duerch de Filter rutschen, seet och de Yannick Breuer vun Info-Handicap.

“Zum Beispill ginn et Leit, déi de Führerschäin hunn, awer emol heiansdo en Dag hunn, wou et hinnen net esou gutt geet, wéi zum Beispill Leit, déi multipel Skleros hunn, déi hunn Deeg, wou se gutt sinn an Deeg wou se manner gutt sinn an do wier et natierlech gutt, dass een den Adapto ka benotzen, obwuel een de Führerschäin nach weider ka benotzen.”

Eigentlech géing et keng Reegel ginn, datt ee kee Führerschäin méi dierft hunn, fir den Adapto kënnen ze benotzen...

”... mee et ass awer an der Praxis esou, dass Leit, déi den Adapto ufroen, awer wa se de Führerschäin nach hunn an eng Commission médicale beim Transportministère geruff ginn an do gëtt da gekuckt, ob se nach apte sinn ze fueren. Bei ville Fäll ass et awer esou, dass se de Führerschäin dann op der Plaz wäerten doloossen an dat ass awer net eng Konditioun, dass se automatesch den Adapto kréien. Well wann de Ministère aschätzt, dass een den ëffentlechen Transport nach ka weider benotzen, da kritt een den Adapto net.”

Info-Handicap recommandéiert Leit, déi an esou eng Situatioun kommen, fir déi den ëffentlechen Transport awer keng Léisung ass, sech per Bréif un den Transportministère ze riichten, fir géint d’Decisioun ze reklaméieren. Et wier awer och wichteg, datt déi zoustänneg Kommissioun am Ministère besser opgestallt wier.

“Dat heescht eng Persoun, déi déi blann Leit representéiert, eng Persoun, déi déi Gehörlos vertrëtt, oder Leit mat engem kognitiven Handicap representéiert, an déi mobil ageschränkten, an dann natierlech och vläicht een, deen d’Besoine vu sämtleche Leit mat enger Behënnerung do representéiert.”

Den Ament wier awer nëmmen eng Persoun an där Kommissioun, déi sämtlech Besoine vertriede soll - net ganz glécklech, fënnt de Yannick Breuer vun Info-Handicap.

Back to Top
CIM LOGO