
En zweete Chantier ass dann op der Kräizung tëscht dem Boulevard Joseph II an der Avenue Emile Reuter, dat vum 6. bis den 20. Abrëll. Well um Boulevard just eng Spur op ass, kann et hei zu Réckstau kommen.
An der selwechter Period gëtt op der Kräizung tëscht der Rue de Rollingergrund an der Avenue de la Faïencerie geschafft. Hei gëtt d’Avenue tëscht der Rue de Rollingergrund an dem Haus Nummer 42 komplett fir den Trafic gespaart. Den Accès an d’Strooss bleift awer aus Richtung Lampertsbierg op.
Nees zu där Zäit ass dann och e Chantier tëscht der Rue Jean-Baptiste Fresez an der Avenue Victor Hugo. D’Rue Fresez ass tëscht dem 6. an 20. Abrëll komplett gespaart, d’Plaz Edouard André wéi och d’Avenue Victor Hugo, tëscht der Avenue Joseph Sax an der Rue Jean-Baptiste Fresez , komplett zou.
An alle Fäll ass den Accès fir d’Awunner garantéiert. All d’Detailer an de Communiquéë vun der VDL