Lëtzebuerger VëlosinitiativNei Kaart mat de Vëlosweeër

RTL Lëtzebuerg
Nieft den nationalen a regionale Weeër gëtt et och Informatiounen iwwer d'Steigungen, geféierlech Plazen an Aussiichtspunkten.

Eng nei Kaart vun der Lëtzebuerger Vëlosinitiativ soll et fir d’Vëlosfuerer méi einfach maachen, d’Weeër hei am Land ze fannen. Op der Kaart vun enger Echelle 1:50.000 fënnt een esou wuel déi national Weeër wéi och déi regional Weeër. D’Beschëlderung op de Weeër wier zum Deel net méi aktuell, esou de Mike Sarter, Comitésmember vun der Vëlosinitiativ. D’Connectiounen zu der Gare wieren och net ausgeschëldert, op der Kaart si se dofir agezeechent:

Haaptsächlech hu mer Verbindungen opgezeechent, awer och d’Steigungen. D’Leit solle sech jo keng Pist eraussichen, op där vill Steigunge sinn, wa se zum Beispill keen Elektrovëlo hunn oder net sou sportlech sinn. Mir hunn Aussiichtspunkten opgezeechent, dat heescht, Leit déi wëlle méi schéin Toure fueren, déi gesinn, ob se duerch eng Industriezon fueren oder duerch de Bësch oder ob et en Aussiichtspunkt gëtt. Mir hunn och geféierlech Punkten agezeechent an esou.

Mike Sarter, Comitésmember vun der Vëlosinitiativ

Eng App-Versioun vun der Kaart fir de Smartphone gëtt et bis ewell nach net – d’Vëlosinitiativ ass awer am Kontakt mam Tourismusministère, fir dës ze schafen.

D’Kaarte kritt een am Set vun 2 ze kafen, den Norden an de Süden, a si kaschten 9 Euro. Bestelle kann ee se op LVI.lu.

Back to Top
CIM LOGO