AutomobilbrancheNissan-Aktionären hu Carlos Ghosn aus dem Verwaltungsrot geheit

RTL Lëtzebuerg
D'Ära vum Carlos Ghosn beim japaneschen Autoskonstrukteur Nissan ass eriwwer.

Um 12.56 Auer Lokalzäit zu Tokio war et esou wäit: De Carlos Ghosn ass net méi Member vum Verwaltungsrot vun Nissan. Op der ausseruerdentlecher Aktionärsversammlung gouf de fréiere Chef vun der Renault-Nissan-Allianz ofgewielt, grad wéi och deem säi Vertraute Greg Kelly.

Als Nofolger vum Ghosn gouf de Jean-Dominique Senard, Chef vu Renault gewielt. Domat ass d’Ära Ghosn bei Renault-Nissan definitiv, an ouni Happy-End op en Enn gaangen.

De Carlos Ghosn soll jorelaang e vill ze niddregt Akommes bei Nissan deklaréiert hunn a perséinlech Verloschter op den Autoskonstrukteur iwwerdroen hunn. Hie war am November scho festgeholl ginn a gouf no 100 Deeg géint eng héich Kautioun fräigelooss. Déi lescht Woch ass de Ghosn nees verhaft ginn. 15 Milliounen Dollar un Nissan-Sue soll hien un eng Firma, déi hie kontrolléiert huet, transferéiert hunn – ass de Reproche.

De Manager, dee laang och bei Renault d’Soen hat, weist all Reproche vu sech a gesäit sech als Affer.

Back to Top
CIM LOGO