"Stuttgarter Zeitung"Obligatioun fir all Land, en Netz mat Luetstatioune fir Elektroautoen opzebauen?

RTL Lëtzebuerg
Den Thierry Breton wëll d'Memberstaaten am léifsten dozou verflichten, fir e Reseau mat Luetstatioune fir Elektroautoen opzebauen.

Dat sot den EU-Industriekommissar der “Stuttgarter Zeitung”.

An e puer Deeg mécht d’EU-Kommissioun jo Proposë fir verschäerfte Klimaschutzmoossnamen.

Vun engem EU-wäite Verbuet vu Verbrennungsmoteuren hält de Breton iwwregens näischt. Wat wichteg wier, dat wier datt d’Klimaziler bis 2050 kënnen agehale ginn.

Back to Top
CIM LOGO