
“En Zuch a Flamen zu Uckange!” - Op der Gare zu Beetebuerg, wou sëllege Frontalieren op hiren Zuch a Richtung Frankräich gewaart hunn, hat sech d’Noriicht um spéide Mëttwochnomëtteg séier verbreet.
Wéi SNCF schreift, war den Zuchverkéier kuerz no 17 Auer wéinst enger Zuchpann a Frankräich, wéinst där d’Pompjeeën hu misse kommen, ënnerbrach ginn. Sëllegen Zich vu Beetebuerg aus waren dowéinst ausgefall, anerer hate Verspéidung.
Well wéinst dem Chantier keng Zich tëscht der Stad a Beetebuerg fueren, hu vill Leit misse Gedold hunn. Och um Mëttwochowend wier nach mat Perturbatiounen ze rechnen, och wa sech d’Situatioun géint 18 Auer nees berouegt hat.
