
Et wäert beim aktuelle Rhythmus a System vun den technesche Kontrolle bei Gefierer heiheem bleiwen, dat ass d’Haaptconclusioun no der Debatt um Krautmaart un Hand vun enger Petitioun.
Et goung ëm d’Fuerderung, dass, zum Beispill vun aneren EU-Länner ee Gefier, ob Auto oder Motorrad, no den éischte 4 Jore fir de Rescht am Rhythmus vun zwee Joer an d’technesch Kontroll muss, bis dass et no 30 Joer als Oldtimer klasséiert ass. Et kéint ee souguer a Kaf huelen, dass de Präis vun der Kontroll dann och an d’Luucht geet.
D’Petitioun krut mat ronn 5.300 Ënnerschrëfte kloer méi wéi déi 4.500 Signaturen déi néideg si fir den Debat um Krautmaart.
Petitionär ass de Marc Detail. Hien hat seng Argumenter an déck zwou Minutte presentéiert an huet sech besonnesch op den technesche Progrès baséiert: ”...dass insgesamt d’Hiersteller d’Autoe besser bauen, wéi nach virun 20 oder esouguer 30 Joer. Wann een do en Auto hat deen 3, 4, 5 oder 6 Joer hat, da war dee méi schlecht wéi haut een Auto, deen 10 Joer huet.. dann ass deen Auto haut nach ëmmer eigentlech gutt.”
Dat Ganzt géif och fir e bessere Flux an de Kontrollstatioune suergen. De Mobilitéitsminister François Bausch huet d’Argumenter verstanen. Hien huet awer och un d’Reform vu virun enger hallwer Dose Joren an un d’Liberalisatioun bei der technescher Kontroll erënnert. Hie wëll beim aktuelle Kontroll-Rhythmus bleiwen: ”...Sécherheet, Ëmwelt an och d’Confiance vum Client par rapport zu wat hie keeft bei engem Weiderverkaf. Dowéinst fannen ech et wichteg, dass mer déi Annualitéite bäibehalen, déi mer haut hunn. Mir si bei Wäitem net déi Strengst.. Et ginn aner Länner, déi si vill méi streng wéi mir.. Mir hunn ee gudde Mëttelwee hei fonnt, deen deem entsprécht vun de Krittären, firwat mir dat iwwerhaapt hei maachen.”
Heiheem halen d’Leit hiren neien Auto iwweregens an der Moyenne 7 Joer. Dass Kontrollen néideg sinn, weisen d’Statistiken, esou de Minister Bausch. Vum 6. Joer u ginn d’Zuele vu festgestallten Defekter an och d’Quote vun den Autoen, déi duerchfalen an d’Luucht. Och d’Sécherheet wier ee wichtegt Argument fir um aktuelle System festzehalen.
Déi zwou zoustänneg Chamberskommissiounen hunn nom Debat festgehalen, oppe fir déi nei Propos ze bleiwen a sech nach deels ze consultéieren.
D’Resultat vun där Consultatioun war, datt ee sech iwwert d’Parteigrenzen ewech eens ass, datt een eng zousätzlech Tranche vun 2 Joer no deenen éischte 6 virstelle kann. Dat heescht no enger éischter Umeldung misst een no 4 Joer op d’Kontroll, dono no 2 Joer, dono da rëm réischt no 2 Joer a vun deem Ament un dann all Joer. Éier déi Decisioun awer definitiv geholl gëtt, wäert een en Avis vun der Sécurité routière zu deem Thema ufroen.