Däitsch AutobunnenPolicegewerkschaft fir Tempolimitt op 130 km/h

RTL Lëtzebuerg
An der Debatt ëm ee generellen Tempolimitt op den däitschen Autobunnen huet sech elo d'Gewerkschaft vun der Police fir sou eng Mesure ausgeschwat.
© AFP

De Vizepresident sot an engem Interview mat der Süddeutschen Zeitung, dass net Ëmwelt-, mä Sécherheetsgrënn den Ausléiser dofir wieren. En Tempolimitt op 130 Kilometer an der Stonn kéint uerg Accidenter reduzéieren, sou d’Meenung vun der Police. Et kéint ee Mënscheliewe retten a schwéier Blesséierter evitéieren. An Däitschland géife verschidde Leit total legal mat 200 oder och 250 Kilometer an der Stonn fueren, sou de Vizepresident vun der Policegewerkschaft. Dat wier komplette Wahnsinn, gëtt de Mann zitéiert. Bei dësem Tempo kéint a Stresssituatiounen kee Mënsch säin Auto am Grëff hunn.

Back to Top
CIM LOGO