BauschProjet vu Parkhaus mat 400 Plazen zu Dikrech nach ëmmer aktuell

RTL Lëtzebuerg
De Projet vun engem Parkhaus mat 400 Plazen zu Dikrech bei der Gare ass nach ëmmer aktuell.

Dat äntwert de Mobilitéits- a Bauteminister François Bausch dem liberalen Deputéierten André Bauler op eng parlamentaresch Fro.

De Minister präziséiert, datt de Projet deen am Ufank geplangt war, nach emol iwwerschafft gouf.

Am neie Konzept ass ënnert anerem e Park and Ride virgesinn, eng Bus an Zuchgare, en Immobilieprojet a Parkméiglechkeete fir Vëloen.

D’Eisebunn, d’Gemeng Dikrech a Ponts et Chaussées wieren am Gaang, d’Etudes de Faisabilité ofzeschléissen.

Back to Top
CIM LOGO