Ee Waasserstoff-Auto zu LëtzebuergProprietär Guy Breden: "Et muss ee verréckt sinn"

Serge Pauly
Zu Lëtzebuerg gëtt et een eenzege Waasserstoff-Auto. De Proprietär ass ganz zefridden, mä bedauert, dass hien op Saarbrécken fuere muss, fir ze tanken.
Proprietär zu Guy Breden: "Et muss ee verréckt sinn"
Zu Lëtzebuerg gëtt et een eenzege Waasserstoff-Auto. De Proprietär ass ganz zefridden, mä bedauert, dass hien op Saarbrécken fuere muss, fir ze tanken.

Zu Lëtzebuerg ginn et eppes iwwer 200.000 Autoen, gréisstendeels nach klassesch Bensinner oder Diesel, ëmmer méi Hybriden an Elektroautoen, vereenzelt Gas-Autoen an dann een eenzege Waasserstoff-Auto. Effektiv huet sech ee Lëtzebuerger Client “getraut”, elo schonn op dës ganz futuristesch Technologie ze setzen.

Op den éischte Bléck ass et e ganz normalen, vläicht e bësse méi modern gestylten Auto. Mä et ass e Waasserstoff-Auto. En Exot: et ginn nëmmen zwee Modeller, déi weltwäit iwwerhaapt mat deem Undriff u Privatclientë verkaaft ginn. An dëse präzisen Auto ass esouguer deen alleréischte vun dësem Modell, deen an Europa ausgeliwwert gouf.

Den houfrege Proprietär Guy Breden gesäit sech als Pionéier, scho bal als Affekot vun dëser Zukunftstechnologie: “Affekot ass elo e grousst Wuert. Mä ech gesi mech wierklech als Verdeedeger vum Waasserstoff-Auto, well et ginn net vill Leit, déi Bescheed wëssen, wéi dat funktionéiert. Ech mierken dat ëmmer erëm, wann ech mat Leit schwätzen.”

De Waasserstoff gëtt an enger Brennstoffzell a Stroum ëmgewandelt. Et ass also en elektresch ugedriwwenen Auto, deen awer kee Stroum mä eben Hydrogen tankt. De Wierkungsgrad ass nëmmen hallef esou gutt wéi bei engem richtegen Elektroauto. De Virdeel ass awer, dass ee keng iwwerdimensionéiert Batterie brauch, do also Ressourcë wéi Litihium spuert. Hanne kënnt nëmme Waasser eraus, flësseg oder als Damp.

Dëse Modell brauch ee Kilo Waasserstoff op 100 Kilometer. Um Pabeier kënnt ee knapp 600 Kilometer wäit. Mä dat mam Tanken ass esou eng Saach. Mir sinn um Wee op Saarbrécken. Do ass nämlech déi nooste Waasserstoff-Tankstell. Do muss ee scho gréngs glëschten. “Net nëmme gréngs. Et muss ee verréckt sinn”, esou de Guy Breden.

Fir hie sinn déi 80 Kilometer och e Statement, e Statement géint eng Lëtzebuerger Politik, déi a sengen Aen ze vill eesäiteg op den Elektroauto setzt: “Do huet Waasserstoff an der Mobilitéit net déi Plaz, déi ech mir erhoffen. Ech denken, et weess een net wou et higeet a 5 bis 10 Joer, an do muss een technologieoffe sinn. Dat huet och den Transportminister schonn dacks gesot, an ech hoffen, dass hie sech dorunner hält, an dass een och de Leit de Choix gëtt, wat se kafen, an dass een net forcéiert gëtt, op eppes ze goen.”

Aktuell gëtt et dann och kee konkrete Projet fir eng Hydrogen-Tankstell zu Lëtzebuerg. De Guy Breden hofft, dass sech dat geschwënn ännert. Net nëmme fir dass hie selwer manner wäit fuere muss, mä well hie wierklech un d’Virdeeler vun dëser Technologie gleeft.

Back to Top
CIM LOGO