E Sonndeg de Mëtteg hunn Onbekannter de Radar op der A4 mof ugemoolt an en esou ausser Betrib gesat. Well d’Sensoren vum Radar, deen jo net wäit vum Rondpoint Raemerech ewech ass, mat mofer Faarf iwwerdeckt goufen, reagéiert dësen och net méi op Autoen déi mat ze héijer Vitess laanscht fueren.
Dëst dierft och nach esou bis e Méindeg de Moien daueren, well et bis dohinner dauert, bis Ponts&Chaussées déi mof Faarf vum Apparat ofgebotzt huet.