
Dat géif och net am Koalitiounsaccord stoen, sot de Spriecher vun der däitscher Regierung um Méindeg de Moien zu Berlin.
Et géif jo schonn op „engem groussen Deel“ vun den däitsche Stroosse Vitess-Limitatioune ginn. Et géif nach méi intelligent Steierungsméiglechkeete gi wéi eng allgemeng Tempo-Limitatioun, sou de Steffen Seibert,
D’Debatt ëm eng maximal Vitess vun 130 km/h war also opkomm, nodeems den Aarbechtsgrupp „Klimaschutz im Verkehr“ dat proposéiert hat.
Déi definitiv Resultater vun deem Grupp sollen elo ofgewaart ginn, seet de Regierungsspriecher.