
Verschidden Aarbechten, déi et nach ze maache gouf, konnte wéinst dem Wieder aus deene leschten Deeg a Wochen net ofgeschloss ginn an hu mussen e Méindeg de Moien ofgeschloss ginn, heescht et an enger Erklärung vun den CFL géigeniwwer eise Kolleege vun RTL Infos. Géint 7 Auer konnten da progressiv endlech nees Zich tëschent Beetebuerg an der Stad zirkuléieren.