ULCRotschléi bei der Finanzéierung vun engem neien Auto

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virum Start vum Autosfestival gëtt de Konsumenteschutz e puer Rotschléi eraus, op wat ee beim Finanzement vum Auto soll oppassen.
© AFP

Et wier wichteg, esou d’ULC, datt een, éier een e Finanzement ënnerschreift, sech iwwert dësen a méiglech Alternativen ze informéieren. Et soll ee sech och am Vertrag zouséchere loossen, datt de Vertrag just gëllt an den Auto just kaf gëtt, wann een och déi finanziell Mëttelen zu Verfügung gestallt kritt. Sollt een dann e méigleche Kredit net kréien, kann een dann och vum Kaf zerécktrieden.

Et soll een och oppassen, well esoubal een en Dokument, wou “Bestellschein”, “Auftrag” oder “Kaufvertrag” dropsteet ënnerschreift, ass dëst e richtege Vertrag, deen déi Leit, déi en ënnerschriwwen hunn, rechtlech bënnt.

All d’Detailer, ob wat ee muss oppassen, fannt der am Communiqué vun der ULC

PDF: De Communiqué vun der ULC (fr)

Back to Top
CIM LOGO