20 Joer méi spéitSaarautobunn - D'Opfaart zu Fréiseng ass fir den Trafic op

RTL Lëtzebuerg
Wéi Ponts et Chaussées um Freideg de Moie matgedeelt hunn, ginn d'Aarbechten un der Opfaart Fréiseng iwwert de Weekend fäerdeg.
© Domingos Oliveira

20 Joer laang gouf viru Geriicht gestridden: de Grond war e Proprietär, deen dëst Stéck Terrain net einfach esou hiergi wollt. D’Geriichter haten dunn am Abrëll tranchéiert an Ufank Mee gouf ugefaange mat schaffen.

Um Freideg de Moien hu Ponts et Chaussées da matgedeelt, dass d’Aarbechten de Weekend iwwer fäerdeg ginn an een d’Opfaart da vun e Méindeg de Moie 6 Auer u wäert fir den Trafic opmaachen.

Saarautobunn: Am Mee fänken Aarbechten un der Opfaart zu Fréiseng un (20.4.22)

Back to Top
CIM LOGO