
20 Joer laang gouf viru Geriicht gestridden: de Grond war e Proprietär, deen dëst Stéck Strooss net einfach esou hiergi wollt. D’Geriichter haten dunn am Abrëll tranchéiert an Ufank Mee gouf ugefaangen, mat schaffen. Wéi Eldoradio elo op Nofro hi vum Mobilitéitsministère gesot krut, wäerten dës Aarbechten dann och ugangs nächster Woch fäerdeg sinn, sou, dass d’Opfaart dann och opgoe soll.
Saarautobunn: Am Mee fänken Aarbechten un der Opfaart zu Fréiseng un (20.4.22)