Massege Grenztrafic, eng Zuchlinn déi an Zukunft soll liquidéiert ginn, an net genuch sécher Vëlospiste – D’Stréck tëscht Däitsch-Oth, also vun Audun-Le Tiche op Esch/Uelzecht bléift weider e Sträitpunkt an der Grenzregioun. De Weekend gouf dofir um Vëlo protestéiert – eng 120 Leit haten sech beim gudde Wieder getraff.
D’Gare déi d’Regioun ronderëm Audun a Villerupt mat Esch verbënnt soll deemnächst zougemaach ginn. Geréiert gëtt dës, obwuel se a Frankräich ass vun der CFL. Eng Stréck fir déi virdrun a 5 Minutten am Zuch gebrauch huet, gëtt op d’Strooss an e Bus ëmgeleet. Eng Katastroph fir vill Léit.
De Jean Larock vu Vélorution: “Et ass keng gutt Nouvelle. Wann een en Zuch suppriméier, heescht dat méi Autoen. Och wann den Zuch duerch Busser ersat gëtt, heescht dat nach ëmmer méi Gefier op der Strooss an dat ass definitiv keng gutt Nouvelle fir d’Ëmwelt am allgemengen, fir d’Mobilitéit oder och d’Vëlosfuerer.”
A genee déi fuerderen elo eng geséchert Vëlosstreck tëscht den 2 Lokalitéiten: “Audun ass ganz nobäi. Et ass déi Stad un der Escher Grenz déi am no béisten ass. Op der Haaptstrooss ass Moies, ewéi Owes ganz vill Autosverkéier an et ass guer keng Platz fir Vëloen do. Vill Leit géife gäre mam Vëlo op Audun fueren, mee se hunn d’Méiglechkeet einfach net et ass Sécherheet ze maachen.”
Och op der Lëtzebuerger Säit (...) an der Gemeng Esch spiert een den Drock vun de Vëlosfuerer, esou den Escher Buergermeeschter George Mischo: “Et komme vill méi Demanden eran, fir de Subside vun der Escher Gemeng ze kréien. Et kommen och vill Demandë vu Vëlos-Interesseveräiner eran. Mir haten hei an der Gemeng nach e Méindeg eng Reunioun, fir Méiglechkeeten duerchzediskutéieren. Heiansdo sinn Iddien do, déi d’Leit matbréngen an awer net ëmmer esou direkt ëmsetzbar sinn.”
Dat entweder duerch d’Infrastrukturen oder och duerch de Code de la Route. 400.000 Euro sollen dëst Joer zu Esch op den Dësch geluecht gi fir Piste bäizesetzen, ze amenagéieren, oder besser ze beliichten. De Wee fir eng Vëlospist Richtung Audun ze kréien ass awer e bësse méi wäit ewéi déi initial 4 Kilometer: “Vum Lëtzebuerger Wee hier ass et heiansdo schonn net einfach. Wa mir eppes am Gemengerot stëmmen, dauert dat bis zu 3 Méint bis d’Approbatioun aus dem Ministère zeréck kennt. Mee um Franséischen Terrain ass et nach vill méi schwéier: Do geet dat iwwer vill méi Etappe bis op Paräis an zeréck.”
Bis, datt et hei op Audun eng sécher Vëlospist gëtt, wäert sech dann nach e bëssen zéien.