Elektro-Mobilitéit"Stroum beweegt", déi nei Initiativ vum Energie-, Transport- an Ëmweltministère

Monica Camposeo
Eng 20 Entreprisë si scho mat derbäi, zum Beispill gëtt da mat de Ministèren zesummegeschafft, fir en elektresche Fuerpark op d'Been ze stellen.
Strooum beweegt: eng nei Initiativ
Eng 20 Entreprisë si scho mat derbäi, zum Beispill gëtt da mat de Ministèren zesummegeschafft, fir en elektresche Fuerpark op d’Been ze stellen.

2/3 vun den Emissioune verzeechent Lëtzebuerg nämlech am Beräich vum Transport. Ee wichtege Pilier, fir d’Emissiounen erofzesetzen, ass dowéinst d’Ëmklammen op Elektrogefierer. D’Primme fir Elektroautoen a -Vëloen goufen an deem Kader jo scho verlängert.

Den Energieminister Claude Turmes huet betount, dass de Stroum, mat deem d’Autoen da kënnen opgelueden ginn, zu 100% erneierbar ass. Ma och wann d’Klimaziler fir d’Joer 2020 erreecht goufen, wier ee sech awer bewosst, dass am leschte Joer wéinst der Pandemie villes net esou war wéi soss.

De Stopp vum Fluchverkéier an de verstäerkten Homeoffice hätt och dozou bäigedroen, dass manner Emissioune gemooss goufen. Ma dës Acquise wéilt een elo net verspillen, esou d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

Fir eng ressourcëschounend an nohalteg Mobilitéit wier et dann och wichteg, bewosst Alternativen zum Auto ze notzen, esou den Transportminister François Bausch. Soss wier et nämlech och mat Elektroautoen net méiglech, d’Stroossen ze entlaaschten an d’Stauen ze verhënneren.

PDF: Presentatioun vun der Initiativ

Back to Top
CIM LOGO