
Et soll en Auto op de Marché kommen, deen och fir e breede Public ze bezuele wier. Dee soll “just” 25.000 Dollar kaschten. Fir dat awer erméiglechen ze kënnen, mussen d’Käschte bei der Produktioun vun de Batterien drastesch erof goen. Bis dass dat geschitt, mussen d’Cliente sech awer nach gedëllegen. Wéi den Elon Musk op der Presentatioun sot, dierft dat nach ongeféier 3 Joer daueren. Ronn 270.000 Leit hu sech dem Musk säin Optrëtt am Internet ugekuckt.

De Chef vun Tesla huet eng nei Generatioun vu Batterie versprach. Déi sollen däitlech méi Leeschtung an och méi Kapazitéit hunn, an dat bei just 50% vun de Käschten. Si solle praktesch ouni dat deiert Schwéiermetall Kobalt auskommen.
Fir spéider ass och geplangt, dass Batteriezelle kënne recycléiert ginn, dat an der sougenannte Gigafabrick am Bundesstaat Nevada. D’Masseproduktioun vun deenen neie Batterie wäert awer nach wéi gesot 3 Joer op sech waarde loossen
Déi Ukënnegung, dass et nach puer Joer dauere wäert, huet bei den Investoren net wierklech fir Begeeschterung gesuergt. Op der Bourse goung et mol direkt 7% biergof fir Tesla. Zanter dem leschte Mount ass Tesla de wäertvollsten Automobilconstructeur. De Börsewäert ass awer um Dënschdeg ëm 50 Milliarden Dollar gefall.
