Trotz BlëtzerTestphas vun de Streckeradaren op der A7 huet nach net ugefaangen

RTL Lëtzebuerg
Et koume puer Meldungen eran, dass Leit op der A7 vun de Streckeradare geblëtzt goufen. Déi betraffe Leit mussen awer elo net mat engem Protokoll rechnen.

Vum Transportministère heescht et op Nofro hin, dass aktuell un de Streckeradare geschafft gëtt. Déi offiziell Testphas hätt nach net ugefaangen.

D’Streckeradare gi souwisou eréischt am Fréijoer 2023 richteg a Betrib geholl. Vun deem Moment u ginn et dann och Protokoller. E geneeën Datum steet awer nach net fest. Dat hat den Transportministère am September dëst Joer matgedeelt.

Back to Top
CIM LOGO