Enn MäerzTour-Operateur CFL Evasion hält mat sengen Aktivitéiten op

RTL Lëtzebuerg
Den Tour Operateur CFL Evasion hält Enn Mäerz mat sengen Aktivitéiten op. Den CFL Grupp huet decidéiert, seng Ressourcen an Investitiounen an aner Beräicher ze stiechen.
© Archivbild

Grond dofir wier ënnert anerem, datt den Tourismus-Secteur sech massiv verännert an och just nach 3 Prozent vun den Ticketen am Kader vun enger Rees vun CFL Evasion verkaaft géifen. D’Reesen, déi iwwer CFL Evasion gebucht goufen, gi vum Travel Group Luxembourg, dat heescht de Reseaue We Love To Travel an Emile Weber assuréiert. Fënnef Salariéeë vun CFL Evasion verléieren hiren Job duerch dës Fermeture, kréien awer eng aner Positioun beim CFL-Grupp proposéiert.

Liest hei d’Schreiwes vun den CFL

Back to Top
CIM LOGO