No ÄerdrutschTunnel Schiebuerg soll awer fir de Stéchdatum vum 11. Dezember nees opgoen

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de Mobilitéitsminister en Dënschdeg nach sot, den Tunnel géif wuel iwwert den 11. Dezember eraus zou bleiwen, koum e Mëttwoch d'Rektifikatioun.
© Domingos Oliveira

Op der Bunn hat et geheescht, den Trafic op der Zuchstreck a Richtung Norde kéint fréistens vun deem Datum un erëm normal funktionéieren. Enn August war et jo zu engem Äerdrutsch am Tunnel Schiebuerg komm.

An der Froestonn an der Chamber hat de Mobilitéitsminister François Bausch en Dënschdeg de Mëtteg gesot, “et bestéing keen ee Grond, fir ze mengen, datt d’Streck den 11. Dezember erëm kéint opgoen”. Dëst Ausso huet de Minister e Mëttwoch de Moien nees zeréckgeholl - hien hätt sech mëssverständlech ausgedréckt.

De Minister Bausch an der Chamber

Et géif een um Stéchdatum vum 11. Dezember festhalen, bis zu dem den Tunnel soll geraumt sinn.

Op der Bunn huet et en Dënschdeg op Nofro hi geheescht, et wier een den Ament am Gaang, eng Pressekonferenz virzebereeden.

Back to Top
CIM LOGO