Tëscht Kautebaach a WëlwerwolzZuch-Tunnel vun der Linn 10 zum Deel zesummegefall - kee Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Bei dem Tëschefall, zu deem et e Samschdeg bei de Preparative fir Entretiensaarbechte komm war, gouf kee blesséiert.
© RTL Mobile-Reporter

Nodeems um Internet d’Fotoe vun engem Tunnel d’Ronn gemaach hunn, deen zesummegefall ass, confirméieren d’CFL op RTL-Nofro hin, datt et sech dobäi ëm den Zuch-Tunnel tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz handelt. Dësen ass zum Deel an de Koup gefall, et wier awer kengem eppes geschitt.

D’Linn 10 fir vun Ettelbréck op Gouvy ass den Ament wéinst Chantiers-Aarbechte gespaart. Op deem Deel vun der Linn waren also keng Zich ënnerwee.

E Samschdeg de Moie géint 11 Auer hätt de Plaffong am Tunnel Schieburg op enger Längt vu 4 Meter noginn an et ass Gestengs an den Tunnel erof gefall. Dat ass geschitt, wéi op där Plaz Preparative fir Aarbechte gemaach goufen.

D’Ëmstänn ronderem de Virfall am Tunnel Schieburg

Den Tunnel sollt moderniséiert ginn. Wéi en Aarbechter bei Buerunge gesinn huet, datt ëmmer méi Steng erof gefall sinn ass hien eraus gelaf. Den Tunnel gouf nom Virfall direkt evakuéiert an et gouf wéi gesot kee blesséiert. Elo ginn Etudë gemaach fir ze klären, wat genee geschitt ass.

D’CFL präziséieren an engem Communiqué, datt bei den Aarbechten all d’Sécherheetsdispositiounen agehale goufen. Iert d’Aarbechten ugefaangen hunn, wieren déi néideg geologesch Analysen a Stabilitéitskontrolle gemaach ginn.

D’Kommunikatiounsresponsabel vun den CFL Alessadra Nonnweiler nennt et am RTL-Interview en Äerdrutsch. Et kéint een net onbedéngt dovu schwätzen, datt den Tunnel an e Koup gefall wier.

Datt dat e Samschdeg geschitt ass a réischt e Sonndeg kommunizéiert gouf, dat wier doduerch ze erklären, datt d’Streck jo souwisou gespaart ass an datt kee Mënsch ze Schued koum.

Alessandra Nonnweiler dozou, wéi laang den Tunnel zou bleift

Wéi laang et elo dauert, ier den Tunnel rëm kann opgoen, dozou maachen d’CFL den Ament keng Ausso.

CFL: Gréisser Chantieren am Summer geplangt

PDF: Communiqué CFL

Back to Top
CIM LOGO