Verspéidunge sinn z'erwaardenUm Dënschdeg am spéide Moie gouf et eng Stéierung bei den CFL

RTL Lëtzebuerg
Op d'mannst dräi vun de Linne vun den CFL ware vun dëser Pann betraff.
© Domingos Oliveira

Wéi um Site vum CFL ze liesen ass, kann et zu Verspéidungen an Ausfäll tëscht der Stad a Rodange esou wéi der Stad an Athus respektiv Lonkech via Dippech kommen. Grond dofir war eng Pann aus dem Laf vum Moien, duerch déi d’Zich net wéi gewinnt zirkuléiere konnten. D’CFL schwätzt vun enger Scheif, déi op Rout stoe bliwwen ass. Aktuell gëtt analyséiert, wisou dat de Fall war.

Wéi et vun den CFL weider heescht, kéint dës Pann och Impakter op déi aner Linne wéi a Richtung Norden oder a Richtung Arel hunn.

Back to Top
CIM LOGO