
Déi éischt huet gefuerdert, datt all Form vun Altersdiskriminatioun soll am Code de la route ofgeschaaft ginn. Dat wier souwisou bei der Reform vum Code de la route virgesinn, déi Enn Dezember oder am Januar soll deposéiert ginn, esou den zoustännege Minister Bausch.
D’ADR konnt da keng aner Deputéiert vun hirer zweeter Motioun iwwerzeegen - déi huet d’Aféiere vun engem grénge Feil bei Verkéiersluuchte gefuerdert. Dat wier awer net am Sënn vun der Sécherheet am Verkéier, sou d’Meenung vun deenen anere Parteien.