Dräi MotiounenË.a. wëll d'ADR de "grénge Feil" aféieren, fir kënne bei Rout ofzebéien

Anne Wolff
D'ADR huet e Mëttwoch de Moien dräi Motioune virgestallt, déi si nach dëse Mount wäerten an der Chamber deposéieren.
ADR huet 3 Motioune virgestallt
D’ADR huet e Mëttwoch de Moien dräi Motioune virgestallt, déi si nach dëse Mount wäerten an der Chamber deposéieren.

An der Schoulvakanz ass et e bësse méi roueg op eise Stroossen, ma spéitstens nächste Méindeg ass et nees dat selwecht Bild an eise Stied: Vill Rout Luuchten a vill Stau. D’ADR proposéiert dofir an enger Motioun, de grénge Feil bei der rouder Luucht och zu Lëtzebuerg anzeféieren.

Eist Nopeschland hat se schonn zu DDR-Zäiten: Déi kleng gréng Feiler nieft der rouder Luucht erméiglechen et riets ofzebéien, och wann d’Luucht eigentlech rout ass. D’ADR erhofft sech duerch d’Propos manner Stau an de Stied a fuerdert eng Testphase fir de grénge Feil. “Datt een da géing de grénge Feil aféieren. No riets ofbéien ass méi einfach wéi no lénks, och wann dat och méiglech ass. Do ginn et och Beispiller, mä do fält ma grad keen an. An da misst ee kucken, wéi de Verkéiersfloss ass. Wann dat méi dynamesch gëtt, ass dat jo e Virdeel fir eis all”, esou de Jeff Engelen vun der ADR.

Well ee manner ufuere misst, géing och manner CO2 ausgestouss ginn. D’ADR huet sech um System vun eisem Nopeschland inspiréiert: “An enger Testphas kann ee jo da kucke, wéi dat leeft. Mir hunn eis hei net op Studië baséiert, mä op dem Fernand seng Erfarungen. Hien ass dacks zu Hamburg an him ass dat do positiv opgefall.”

An Däitschland steet de Feil awer och an der Kritik: Den ADAC fuerdert, et misst ee genee kucken, op wéi enge Kräizungen de grénge Feil kann agesat ginn. Et wier geféierlech, well d’Automobilisten dacks Vëlosfuerer a Foussgänger iwwersi géingen. “Der grüne Pfeil bedeutet nicht, dass man als Rechtsabbieger Vorfahrt hat. Der querende Rad- und Fussverkehr hat stehts Vorrang, so dass man immer erst schauen und dann fahren muss”, esou d’Spriecherin vun ADAC Katharina Lucà.

Weider verkéierspolitesch Fuerderungen e Mëttwoch de Moien op der Pressekonferenz waren d’Verlängerung vum Camionsfürerschäin och no dem Alter vu 75 Joer an eng Testphas fir extra laang Camionen, sougenannte Gigaliner.

Back to Top
CIM LOGO