
Vun e Samschdeg de Moien 8 Auer bis um 18 Auer sinn op dem Echangeur Stroossen op der A6 d’Opfaarten zou. Esou kënnt ee vun der N6 net méi op d’A6, respektiv vun der A6, wann een aus der Belsch kënnt, net méi op d’N6.
Den Trafic vun der N6 gëtt iwwert d’Rue des Aubépines an d’N5 op d’Helfenterbréck geleet, wou een dann nees op d’Autobunn kënnt.
Aus Direktioun Weyler muss een iwwert den Echangeur Helfenterbréck an d’N34 fueren.