Am InterviewVirum Autofestival: ACL beréit Leit a stellt Testautoen zu Verfügung

RTL Lëtzebuerg
Den Direkter vum ACL Jean-Claude Juchem war um Platto op RTL Télé Lëtzebuerg, fir ënner anerem den Autosfestival aus Vue vum ACL duerzestellen.
Jean-Claude Juchem am Interview
Den Direkter vum ACL Jean-Claude Juchem war um Platto op RTL Télé Lëtzebuerg, fir ënner anerem den Autosfestival aus Vue vum ACL duerzestellen.

E Samschdeg fänkt den Autofestival un. D’Leit solle sech gutt informéieren, ier se sech decidéieren, seet den Direkter vum ACL am Interview am RTL Journal. Virun allem, wat Elektrogefierer ugeet, misst ee sech d’Saach objektiv am viraus iwwerleeën. Beim ACL gëtt ee beroden an et kann een och een Elektroauto testen. Och de Wasserstoffauto wier duerchaus eng Alternativ, mä hei feelt et nach un de néidegen Infrastrukturen an sou ee Gefier kascht och op d’mannst 75.000 Euro.

Zu Lëtzebuerg ass jo keen Dieselverbuet geplangt a fir Leit, déi iwwer 25.000 Kilometer fueren, wier den Diesel nach ëmmer dat ekonomeschst.

De gratis ëffentlechen Transport géif sécher net méi Leit derzou beweegen, fir Bus, Tram oder Bunn ze huelen, soulaang d’Offer net besser ass, mengt de Jean-Claude Juchem.

Back to Top
CIM LOGO