Fir d'Produktivitéit ze steigerenVolkswagen plangt Zesummenaarbecht mat Amazon

RTL Lëtzebuerg
De Volkswagen-Konzern an den Internt-Gigant Amazon plangen anscheinend eng wäitreechend Zesummenaarbecht.
© AFP

Amazon soll VW hëllefen, hir Produktivitéit ze erhéijen. An enger Industrie-Cloud sollen dozou déi 122 Wierker an d’Lager vum Autoshiersteller vernetzt ginn, dat mellt d’Süddeutsche Zeitung. D’Zesummenaarbecht soll sech net nëmmen op d’Mammefirma VW bezéien, mä och op déi aner VW-Marken wéi Audi, Skoda oder Lamborghini.

De VW-Chef Herbert Diess war eréischt d’lescht Woch op der “Mars"-Konferenz vum Amazon-Chef Jeff Bezos, een Treffe vun Technik-Begeeschterten a Visionären. No Informatioune vun der Süddeutsche Zeitung solle si schonns do hir Zesummenaarbecht beschwat hunn. Detailer solle schonns an den nächsten Deeg bekannt gemaach ginn. Bis elo wollt de Konzern d’Zesummenaarbecht awer nach net kommentéieren.

Amazon ass weltwäit bekannt fir hir Handelsplattform, ma Amazon bedreift och gläichzäiteg eng vun de weltwäit leeschtungsstäerkste Clouds an dës wëll VW elo notzen.

Back to Top
CIM LOGO