Vun 2020 unVolvo drosselt seng Autoen op maximal 180 Stonnekilometer

RTL Lëtzebuerg
D'Ziel wier et fir Mënscheliewen ze retten, heescht et vun der schwedescher Direktioun.
© SAUL LOEB / AFP

De schwedeschen Autosconstructeur Volvo drosselt vun 2020 u seng Autoen. Nei Gefierer vun der Mark wäerten da just nach maximal 180km/h lafen.

D’Ziel wier et fir Mënscheliewen ze retten, heescht et vun der Direktioun.

Déi schwedesch Firma stellt jo u sech selwer den Usproch, datt an Zukunft kee Mënsch méi an engem Volvo stierft oder schwéier verwonnt gëtt.

Back to Top
CIM LOGO