
Vun e Sonndeg dem 14. Dezember u ginn et éischt Ännerungen. Am Süde wiesselen d’Horairë vum 4. Januar un.
Virun allem geet et drëm, d’Offer erop ze setzen. Bei Analysen, déi schonn 2021 ugefaangen hunn, goufen d’Fluxen ënnert d’Lupp geholl an op Basis dovun un Upassunge geschafft. Dobäi ass ënnert anerem erauskomm, datt de Süden an dat ganzt Grenzgebitt net gutt matenee verbonne sinn. De Gros vun de Frontalieren (42 Prozent) schaffen iwwerdeems am Süden a just 21 Prozent fueren all Dag bis an d’Stad. An deem Kontext kommen eng Partie Linne bäi. Ënnert anerem d’Linn 643 vun Esch op Steebrécken, déi d’aktuell TICE-Linn 17 wäert ersetzen, an d’Linn 651 vun Uewerkuer op Wolmerange-les-Mines. Aner Linne gi geännert, fir méi séier vun A op B ze kommen. Ee konkret Beispill erausgepickt: Vun der Diddelenger Gare bis op de Belval brauch een aktuell 46 Minutten, vum Januar u wäert ee just nach 26 Minutte brauchen. Och d’Aktivitéitszonen am Süde si bei der neier Planung mat abezu ginn. D’Tice Linn 5 zum Beispill gëtt verlängert bis an d’Zone d’activité “ZARE” an d’Linn 2, déi aktuell hiren Terminus op der Escher Gare huet, wäert vun Ufank Januar u bis an d’Aktivitéitszon “Op Herbett” verlängert ginn.
Deels sinn et just aner Trajeten, déi d’Busser fueren. Deels ginn awer och zousätzlech Arrêten ugefuer, oder awer Arrêten, déi suppriméiert ginn. Den Detail vun all de Changementer ass vun e Mëttwoch un engersäits online ze fannen op der Säit vun der Mobilitéit, dem TICE an dem RGTR, ma och via d’Mobilitéits-App. Déi concernéiert Gemenge kruten all déi néideg Informatiounen an och Kaarte mat engem QR Code, déi een dann an Zukunft ënnert anerem an de Busarrête fanne wäert. Fir Leit, déi manner iwwert de Handy fuere,n gëllt awer och d’Telefonszentral (2465) vun der Administration des transports publics, bei där een déi néideg Informatiounen iwwert d’Changementer kritt.
Och beim Transport scolaire kommen Ännerungen, déi de Schoulen a Schüler och scho kommunizéiert goufen. Allerdéngs changéieren hei just d’Nimm vun de Buslinnen, ma net d’Horairen oder de Fuerplang. D’Qualitéit, d’Trajeten an d’Auerzäite gi bäibehalen. D’Ännerunge vun de Nimm huet domat ze dinn, datt 60 Bus-Linnen den Operateur wiesselen, an net méi vum TICE mee vum RTGR gefuer ginn.
Links
Dat ganzt Schreiwes fannt Dir um Site vu Mobilitéit.lu.