Sollen ëmmer pünktlech sinnVun 2028 u fueren nei Busser zu Diddenuewen

RTL Lëtzebuerg
Vun 2028 un wäert zu Diddenuewen den neie sougenannte "Bus à haut niveau de Service" fueren.
© RTL Infos

Dobäi handelt et sech ëm Elektrobusser, déi vun 2028 u sollen an der franséischer Stad ënnerwee sinn. Dës Busser. déi an de Stousszäiten am Ofstand vun 10 bis 12 Minutte sollen zirkuléieren, solle sech virun allem doduerch auszeechnen, dass se och bei staarkem Trafic ëmmer pünktlech sinn.

E Méindeg goufen zu Diddenuewen eegens zwou nei Brécken ageweit, déi speziell op d’Besoine vun deenen zukünftege Busser ugepasst sinn. Nieft Busser, dierfen och Taxien, Rettungsgefierer, Cyclisten a Foussgänger déi nei Brécken notzen. D’Brécke sinn Deel vun engem neie Reseau, deen an Zukunft soll Diddenuewen, Yutz, Terville, Florange, Uckange, Serémange an Hayange matenee verbannen. De Käschtepunkt soll bei 50 Milliounen Euro leien.

Op RTL Infos fannt Dir den detailléierte Reportage iwwert déi nei Busser an den neie Verkéiersreseau.

Back to Top
CIM LOGO