Bis am SummerVun dësem Méindeg un: Eng Spuer tëscht Jonctioun Lankelz a Rond-point Raemerich

RTL Lëtzebuerg
Vum 27. Februar um 6 Auer u bis am Summer 2023 wäert de Verkéier a béide Richtunge bidirektional iwwert eng Säit goen.
Situatioun um Méindeg de Moie géint 8 Auer.
Situatioun um Méindeg de Moie géint 8 Auer.
© Christophe Hochard

D’Héchstvitess gëtt fir deen Zäitraum op 70 Stonnekilometer limitéiert.

Do virdru war dëse Weekend jo d’A4 a béide Richtungen tëscht der Jonctioun Lankelz an dem Rond-point Raemerich bis e Méindeg um 6 Auer komplett gespaart ginn.

A Richtung Esch-Uelzecht geet d’Deviatioun vun der Jonctioun Lankelz iwwert d’A13, den Echangeur Éilereng, den CR110 an d’N31 bei de Rond-point Raemerich.

Vum Rond-point Raemerich a Richtung Stad geet d’Deviatioun iwwer d’N31 an den CR110 bei d’Jonctioun Lankelz.

D’Aarbechte gehéieren zum Chantier vun der Liaison Micheville, dem aktuell gréisste Schantje vu Ponts et Chaussées hei am Land.

Boulevard Grande-Duchesse Charlotte 14 Méint zou - Beem gi wechgemaach

Eng weider Baustell gëtt et um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte zu Esch. Dësen ass zanter e Samschdeg tëscht der avenue de la Paix an der rue de Mondercange fir den Traffic gespaart a bleift dat och nach déi nächst 14 Méint. Hei gëtt eng Zoufaart bei d’Parkhaus vum Cactus gebaut. E Méindeg hu Gemengenaarbechter ugefaange Beem ewechzemaachen. Am Ganze kommen 28 Beem fort, si ginn awer kompenséiert.13 Beem gi laanscht d’Vëlospiste tëscht Esch a Monnerech geplanzt a 15 an der Cité jardinière “op der Gleicht”. Eng Deviatioun ass ageriicht.

D’Schreiwes vu Ponts et chaussées.

Back to Top
CIM LOGO