
Et sinn déi Emailen, déi een an dësen Zäiten net gär kritt, iwwerschriwwe mat “Nouveau prix maxima des produits pétroliers”. D’Zuele ginn eis vum Wirtschaftsministère matgedeelt an och op dësem Karfreideg koum esou eng Email.
Iwwerdeems et beim 95er an dem 98er Bensinn keng Verännerung gëtt, kënnt et beim Diesel a Masutt awer ëmsou méi hefteg.
Ganzer 16,5 Cent méi kascht vun e Samschdeg un e Liter Diesel. Iwwer 2 Euro si mer jo scho beim Diesel, bei 2,021 Euro fir genee ze sinn. Mat der neier Hausse komme mer dann op e Literpräis vun 2,186 Euro!
Wann een an der Datebank vu www.petrol.lu nokuckt, dierft dat den héchste Betrag sinn, dee mer jee hu musse fir e Liter Diesel bezuelen. Déi Datebank geet zeréck bis op de 7. Januar 2009, wou ee Liter iwwregens 0,789 Euro kascht huet.
Bis elo louch den Héchstwäert bei 2,112 Euro, datéiert op den 10. Mäerz 2022. Deemools waren den Ukrain-Krich a Liwwerenkpäss responsabel fir d’Hausse. Elo ass et dann den Iran-Krich, deen en änlechen Effekt huet, respektiv fir en neien Héchstwäert suergt.
Ma net just den Diesel gëtt sou deier wéi ni virdrun. D’selwecht ass et beim Masutt.
Hei ass et eng Hausse vun esouguer 17,2 Cent de Liter. Deemno kascht de Liter vun e Samschdeg un net méi 1,477 Euro, ma 1,649 Euro! Dat ass och en neie Rekordwäert. Bis elo louch dee bei 1,553 Euro, dat och um 10. Mäerz 2022.
Een, deen dëse Freideg 1.000 Liter Masutt kritt huet, huet 172 Euro manner musse bezuelen, wéi een deen e Samschdeg säi Masutt kritt.

Beim Bensinn hu mer d’Rekordwäerter nach net iwwertraff
Den 98er kascht aktuell 1,858 Euro de Liter. De Rekord läit hei bei 2,270 Euro, datéiert op de 4. Juni 2022.
Beim 95er leie mer aktuell bei 1,758 Euro de Liter. Hei ass de Rekord och vum 4. Juni 2022, wou en deemools 2,017 Euro kascht huet.